PDA

View Full Version : Claudine Schaul and Anne Kremer cheering thread with pictures!!!

Drimal
Oct 11th, 2004, 06:14 PM
The Seat Open arrives in two weeks, so Anne Kremer and Claudine Schaul have the unique chance to play in front of an enthusiastic and delighted Luxembourgish audience!!!

Go Luxemburgish Girls:
Claudine Schaul#61 :bounce:
Anne Kremer# 99 :worship:
Mandy Minella #354 :wavey:
Martine Poos NR :D

Claudine Schaul
Mandy Minella
Anne Kremer

Huelt deen éischten Titel heiheem zu Lëtzebuerg!!! (Take the first title here in Luxembourg)

CooCooCachoo
Oct 11th, 2004, 07:33 PM
:wavey: :)

esquímaux
Oct 12th, 2004, 08:52 AM
Good luck Claudetta :kiss::D

Drimal
Oct 12th, 2004, 02:17 PM
Here is a summary of Claudine's season 2004:

Jan Auckland 1p Canberra 1p :o
Feb Australian Open 110p :bounce: Paris 12,75p Antwerpen 6p
Mar Dubai 10,75p Indian Wells 46p :bounce:
Apr Key Biscane 1p Amelia Island 1p Charleston 1p :mad:
May Rome 5,75p, :eek: :bigclap: STRASBOURG 243P. :bigclap:
Jun Roland Garros 2p Birmingham 1p :o , Hertogenb. 38p :bounce:
Jul Wimbledon 2p :fiery: Stanford 1p Los Angeles 1p :fiery:
Aug San Diego 1p Olympic Games 1p :help: New Haven 33 :bounce:
Sep US Open 2p :sad:
Oct Hasselt 1p Filderstadt 1p :sad: :fiery:

Season Highlight: Strasbourg Title and 3r of the Australian Open

:worship: Find your formidable performance of Strasbourg to do similar in Luxembourg!

Although several 1 round defeats you played a good season and enjoyed a lot of fans around the world! :wavey:

Drimal
Oct 12th, 2004, 02:37 PM
And now a summary of Anne Kremer's season, which was marked by her comeback after several sad months of absence due to an injury that requires a surgery:

Feb ITFOrtisei 10 Paris 1 :rolleyes: :sad:
Mar Acapulco 1 Indian Wells 1 :sad:
Apr Key Biscane 18 :bounce: , Amelia Island 1 Charleston 1
ITF Dothan 1 :mad: :sad: :confused:
May ITF Stockholm 23,5 :bounce:
Jun ITF Caserta/Prostejov 7 Birmingham 48 :bounce: Hertogenb. :bounce:
Jul :bigclap: Wimbledon 110 :bigclap:, Stanford 1 Los Angeles 18
Aug San Diego 1 Montreal 13,5 Olympic Games 1 :fiery: :sad:
Sep US Open 16,5
Oct Seoul 55 :bounce: Japan Open 4,25

Season Highlights: Wimbledon 3 Round Seoul SF

A great comeback of Anne Kremer, who is on the best way (with perhaps more wins against lower players in qualis) to enter anew the Top 30!

CooCooCachoo
Oct 13th, 2004, 05:33 PM
She was really impressive in Rosmalen where she crushed Katarina Srebotnik (Kata :mad: )

Peetz
Oct 14th, 2004, 10:15 AM
Huelt deen éischten Titel heiheem zu Lëtzebuerg!!! (Take the first title here in Luxembourg)

Ehm an wat ass mat Strossbuerg?! ;)

Vill Gleck Claudine an Anne! :cool:

Drimal
Oct 14th, 2004, 03:08 PM
Ehm an wat ass mat Strossbuerg?! ;)

Vill Gleck Claudine an Anne! :cool:

Strossbuerg war en Titel am Ausland! Awer hei zu Lëtzebuerg hunn weder Claudine nach Anne en Titel gewonnen!

:D Ech sinn frou Lëtzebuerger an desem Forum ze fannen.

Peetz, gidd der d'Seat Open kucken?

:bounce: TENNIS= Grouss Hoffnung vun Lëtzebuerg (nët zulecht nom blamablen 0:4 am Fussball géint Liechtenstein :sad: ):bounce:

:bounce: TENNIS= Great hope of Luxembourg (not only after the 0:4 desaster in football against Liechtenstein :sad: ) :bounce:

Peetz
Oct 15th, 2004, 04:11 PM
Strossbuerg war en Titel am Ausland! Awer hei zu Lëtzebuerg hunn weder Claudine nach Anne en Titel gewonnen!

Et wär ze schein wann Claudine oder Anne Letzebuerg gewannen keint mee wann een realistesch ass dann ass et wuel keen vun beiden deen et wärd realiseiren ( dest Joer)!Ech hun Claudine lescht Joer geint Clijsters gesin an hatt hat Chancen mee et loung firun allem dorun dat hat ze nervös war!an wanns de vlait en Bleck op den neien Telecran geworf hues ass der jo secher bewosst dat dest Joer den Drock op sengen Schelleren nach mei grouss ass zumols no Strossbuerg!Naja an wat Anne betrefft denken ech net dat hat schon erem fit genuch ass fir mei weit wei Veirelsfinale ze kommen(och wann hat Potential dozou huet kann hat emmer nach geint #1000 vun der Weltranglescht gewannen erenneren mer nemmen emol un Tashkent)!Meng grouss Hoffnung fir dest Joer ass Mandy Minella wat sech extrem verbessert huet an an sengen jonken Joren schon Matcher geint Top 100 Spillerinnen gewonnen huet!!!

:D Ech sinn frou Lëtzebuerger an desem Forum ze fannen.

Peetz, gidd der d'Seat Open kucken?

JO ech denken schon mee genaueres kann ech ereicht soen wann den Haapttableau do ass!

TENNIS= Grouss Hoffnung vun Lëtzebuerg (nët zulecht nom blamablen 0:4 a:bounce:m Fussball géint Liechtenstein :sad: ):bounce:

:bounce: TENNIS= Great hope of Luxembourg (not only after the 0:4 desaster in football against Liechtenstein :sad: ) :bounce:

Jo do hues de Recht!An trotzdem schreift LW 5 Saiten iwwer Fussball an nemmen en Mini Artikel iwwer Tennis an dat mat 2 Spillerinnen an den Top 100!Lol

Wou kenns du dann hier? sin aus der stadt!;)
Bye

CooCooCachoo
Oct 15th, 2004, 04:45 PM
:lol: That language you speak is so funny! It's like German, but then it isn't :lol:

Drimal
Oct 15th, 2004, 04:49 PM
Wou kenns du dann hier? sin aus der stadt!;)
Bye[/QUOTE]

Moiën Peetz

Ma ech kommen vun Bieles. Ech kann leider net kucken goen winnst der Schoul. Mä ech wärt verschidde Mätcher um Internet verfolgen. Zumols déi vum Anne, vum Claudine an vum Mandy.
Ech froe mech just firwaat den RTL net wéinstens des Mätcher en direct iwwerdréit?! :confused:
Et ass dach besser e motivéiert Anne Kremer oder Claudine Schaul ze gesinn wéi elef Fussball Männercher déi eis d'Land mat hirer penibler Performance blaméieren. Ech wéilt hei allerdings bemierken, dass éichtens Liechtenstein ganz gudd gespillt huet an secherlech nach weider wärt an der aktueller Kompagne op sech opmierksam maachen(bedenkt een nëmmen deen formidablen 2:2 géint Portugal. Wéi ech daat am Wort gelies hun, hun ech geduecht; hä hun d' Portugiesen vlàit an Ennerzuel färdech gespillt. Mä nee et gouf iwwerhaapt keng roud Kaart.), an zweetens huet den Allan Simonsen nu wierklech nët méi färdeg bruecht wéi de Pol Philipp. Soss hu mer alt "nëmmen" 0:1, 0:2 oder mol 0:3 géint grouss Natiounen verluer an elo gi mer vu Liechtenstein mat 4:0 iwwerrannt, oder kréien heiheem mat 0:7 géint Rumänien keen Fouss op de Buedem. Wann een dann gesäit wéi Portugal Russland mat 1:7 heem scheckt (géint déi mer och mat 0:4 ennerleeën waren), na dann kann et engem schon Angscht ginn virum Mätch géint de Portugal.
Dofiir wann een dann kuckt wéi d' Claudine géint Davenport, déi vun elo un erem d'Nummer 1 am WTA Ranking ass, gewennt, an de Gilles géint den Agassi oder de Nalbandian gewennt an d'Daviscup-Equipe een Exploit no deem anere realiséiert, dann kann ech nët verstoen wéisou den RTL just déi langweileg Nationalmätcher iwwerdréit.

Ob jidwerfall wënschen ech dem Anne, dem Claudine, an dem Mandy an och dem Martine fill Chance bei desem Turnéier an uschléissend dem Gilles beim ATP Turnéier. :D

Si grad esou wéi den Kim Kirchen, den Benoit Joachim, an den Frank Schleck maachen Sport Lëtzebuerg glëcklech. :bounce: :bounce:

Drimal
Oct 15th, 2004, 05:05 PM
:lol: That language you speak is so funny! It's like German, but then it isn't :lol:

Yes, it is familiar to German. :D
I see that you come from Netherlands CooCooCachoo. It is also familiar to the Dutch. If I read Dutch, I understand around 60 %. But spoken I unterstand just few words of Dutch.

Question to you CooCooCachoo: Do you understand some words of Luxembourgish. :D

Peetz
Oct 18th, 2004, 08:44 AM

Bon also ech muss der ganz eierlech soen dat ech leider net vill ahnung vun fussball hun mee ech gin emol dovun aus dat wann letzebuerg op schratt an tratt 0-4 verleiert dat et dann net kann weit hier sin mat onser nationalequipe!mee ech kann der awer trotzdem eng äntwert op deng fro gin firwat den rtl nie matcher vun onsen tennisspiller iwwerdreit!ganz einfach, rechter un engem qualitatif gudden tennistournoi ( an domat mengen ech dei un deenen Anne an Claudine deelhuelen) sin natiirlech un gudd steck mei deier wei dei vun engem minablen fussballsmatch aus den Wmqualies wou een resultat schon am viraus wees!komesch just dat ausgerechend onsen "musekssender" t.tv dann den match Muller-Clement weist(zwar leider net life)!an wou mer grad dobai sin, wei fenns de dann dei eenzegarteg letzebuerger commentatoren vum fussball?!? ech soen nemmen: :lol:

Mee elo mol mei zum tennis!Ass clijsters dest joer dobai?!? ech hoffen mol net well sos wärd erem schnell endstatioun fir Claudine sin!

Drimal
Oct 18th, 2004, 02:25 PM
Jo, du hues recht, Peetz, mat der Behaaptung, dass Tennismatcher méi deier ginn ze iwwerdroen, wéi en WM Qualifikatiounsmatch vun eiser Nationalequipe. Trotzdeem ass et schued, dass nët emol d'Matcher vum Claudine a vum Anne bei de Seat Open live iwwerdroen ginn.
Den Tango TV haat jo den Daviscup Match Lëtzebuerg-England iwwerdroen, wat ech eng ganz gudd Saach font hunn. Ech hat deemols déi dräi Deeg laang déi eenzel Partien live um T TV verfollegt an et war eng fei Saach. Si hu gesot, dass vill Leit géifen hannerm Bildschierm pechen: :D :D
Allerdings huet mech déi zweesproocheg Iwwerdroung e bësse gestéiert. Ech mengen, entweder ganz ob lëtzebuergesch oder ganz op franséich an nët hallef hallef. ;)
Quote:
Mee elo mol mei zum tennis!Ass clijsters dest joer dobai?!? ech hoffen mol net well sos wärd erem schnell endstatioun fir Claudine sin!

Mee komme mer zrëck bei d'Seat Open, iwwer déi ët schliislech an desem Forum geet. Nee, d' Kim Clijsters seet wéinst enger Blessur of, wéinst der et schon's ganz Saison eng Onmass Turnéieren ofgesoot huet. Ech sinn zwar frou, dass domat desen Turnoi manner gudd besaat ass, awer anerersäits wënschen ech dem sympatesche Kim eng séier Besserung.
Et ass schon traureg, dass vun den Topspiller, d'Justine Henin-Hardenne, d'Kim Clijsters, d' Amelie Mauresmo (daat ass meng Lieblingstopspillerin, net zulecht well hat wierklech fair ass, an Bäll déi dobäussen waren nët gutheescht, wéi verschidden aaner Spillerinnen dat maachen :D ), an d'nächst Woch och d' Lindsay Davenport blesséiert sinn.
Wann ee kuckt wéivill Spillerinnen all Joer blesséiert sinn (mer Lëtzebuerger haaten jo déi trauereg Erfahrung mam Anne Kremer), dann ass dach iergent eppes kromm am Dammentennis. Ech soen, et ginn einfach ze vill Turnéieren gespillt an déi Spillerinnen aus der Top Ten sinn am meeschten getraf, well si eben gudd spillen an emmer d' Hallef- oder d'Finalen ereechen, waat stresseg an ustrengend ass. Dofiir, wanechglift dir Hären vun der WTA kiirzt d'Saison a gönnt de Spillerinnen eng Paus. ;) ;)

D'Anne Kremer huet gudd gedoen des Woch keen Turnéier ze spillen, well et sech esou optimal virbereeden kann. Wann hat gudd Deeg erwecht, kann hat (realistech gesinn) duerchaus d'Véierelsfinalen ereechen. :D :D

D'Claudine Schaul ass déi lecht Wochen an engem klengen Déif, mee dat wëllt net heeschen, dat hat nët wäit kommen kann. Seng vill fréi Defaite sinn och dorops zrëckzeféieren, dat hat regelméisseg beim beschtbesaaten Turnéier vun der Woch untrett, an dann prompt am zweeten ,drëtten Tour vun der guddbesaater Qualification mat just puer Punkten am Gepäck dem Turnéier muss Äddi soen. Hatt kinnt duerchaus d'Halleffinalen ereechen, wann et säi beschten Tennis spillt. :D :D Dem Mandy Minella trauen ech eng zweete Ronn duerchaus zou. :D

Ech hoffe staark, dass d'Claudine an d'Anne sou plazéiert ginn, datt se an de Vérelsfinalen openee treffen, well mer dann gegebenenfalls secher eng lëtzebuergesch Spillerin an der Hallefsfinal hätten. (Awer op kee Fall en Spill Schaul-Kremer zum Optakt. ;)

Groussarteg wär e lëtzebuerger Olympiadouble Kremer-Schaul. Wees du nët zoufälleg, ob a mat weem d'Claudine an d'Anne den Double spillen?

Bye :wavey:

CooCooCachoo
Oct 18th, 2004, 03:39 PM
Yes, it is familiar to German. :D
I see that you come from Netherlands CooCooCachoo. It is also familiar to the Dutch. If I read Dutch, I understand around 60 %. But spoken I unterstand just few words of Dutch.

Question to you CooCooCachoo: Do you understand some words of Luxembourgish. :D

Yeah I understand just as much of Luxembourgish as you understand of Dutch ;)

Peetz
Oct 20th, 2004, 11:14 AM
Jo, du hues recht, Peetz, mat der Behaaptung, dass Tennismatcher méi deier ginn ze iwwerdroen, wéi en WM Qualifikatiounsmatch vun eiser Nationalequipe. Trotzdeem ass et schued, dass nët emol d'Matcher vum Claudine a vum Anne bei de Seat Open live iwwerdroen ginn.
Den Tango TV haat jo den Daviscup Match Lëtzebuerg-England iwwerdroen, wat ech eng ganz gudd Saach font hunn. Ech hat deemols déi dräi Deeg laang déi eenzel Partien live um T TV verfollegt an et war eng fei Saach. Si hu gesot, dass vill Leit géifen hannerm Bildschierm pechen: :D :D
Allerdings huet mech déi zweesproocheg Iwwerdroung e bësse gestéiert. Ech mengen, entweder ganz ob lëtzebuergesch oder ganz op franséich an nët hallef hallef. ;)
Quote:
Mee elo mol mei zum tennis!Ass clijsters dest joer dobai?!? ech hoffen mol net well sos wärd erem schnell endstatioun fir Claudine sin!

Mee komme mer zrëck bei d'Seat Open, iwwer déi ët schliislech an desem Forum geet. Nee, d' Kim Clijsters seet wéinst enger Blessur of, wéinst der et schon's ganz Saison eng Onmass Turnéieren ofgesoot huet. Ech sinn zwar frou, dass domat desen Turnoi manner gudd besaat ass, awer anerersäits wënschen ech dem sympatesche Kim eng séier Besserung.
Et ass schon traureg, dass vun den Topspiller, d'Justine Henin-Hardenne, d'Kim Clijsters, d' Amelie Mauresmo (daat ass meng Lieblingstopspillerin, net zulecht well hat wierklech fair ass, an Bäll déi dobäussen waren nët gutheescht, wéi verschidden aaner Spillerinnen dat maachen :D ), an d'nächst Woch och d' Lindsay Davenport blesséiert sinn.
Wann ee kuckt wéivill Spillerinnen all Joer blesséiert sinn (mer Lëtzebuerger haaten jo déi trauereg Erfahrung mam Anne Kremer), dann ass dach iergent eppes kromm am Dammentennis. Ech soen, et ginn einfach ze vill Turnéieren gespillt an déi Spillerinnen aus der Top Ten sinn am meeschten getraf, well si eben gudd spillen an emmer d' Hallef- oder d'Finalen ereechen, waat stresseg an ustrengend ass. Dofiir, wanechglift dir Hären vun der WTA kiirzt d'Saison a gönnt de Spillerinnen eng Paus. ;) ;)

D'Anne Kremer huet gudd gedoen des Woch keen Turnéier ze spillen, well et sech esou optimal virbereeden kann. Wann hat gudd Deeg erwecht, kann hat (realistech gesinn) duerchaus d'Véierelsfinalen ereechen. :D :D

D'Claudine Schaul ass déi lecht Wochen an engem klengen Déif, mee dat wëllt net heeschen, dat hat nët wäit kommen kann. Seng vill fréi Defaite sinn och dorops zrëckzeféieren, dat hat regelméisseg beim beschtbesaaten Turnéier vun der Woch untrett, an dann prompt am zweeten ,drëtten Tour vun der guddbesaater Qualification mat just puer Punkten am Gepäck dem Turnéier muss Äddi soen. Hatt kinnt duerchaus d'Halleffinalen ereechen, wann et säi beschten Tennis spillt. :D :D Dem Mandy Minella trauen ech eng zweete Ronn duerchaus zou. :D

Ech hoffe staark, dass d'Claudine an d'Anne sou plazéiert ginn, datt se an de Vérelsfinalen openee treffen, well mer dann gegebenenfalls secher eng lëtzebuergesch Spillerin an der Hallefsfinal hätten. (Awer op kee Fall en Spill Schaul-Kremer zum Optakt. ;)

Groussarteg wär e lëtzebuerger Olympiadouble Kremer-Schaul. Wees du nët zoufälleg, ob a mat weem d'Claudine an d'Anne den Double spillen?

Bye :wavey:

Also meng grouss Hoffnung ass dat Anne an Claudine an der Final openeen treffen!dofir hoffen ech dat se an entgeigengesaten Halschechten vum Tableau sin!Nodems Anne schon 2 Tier V tournoien gewonnen huet an eng Tier III finale ereecht huet an nom Claudine sengem Erfolleg zu Strossbuerg haalen ech dat definitif fir meiglech!Dei greissten Hoffnung stiechen ech allerdengs an Mandy Minella!Menger meenung no ass hat dat talenteiertst vun hinnen 3 an definitif Top 10 Material wann hat weider esou evolueiert!Ech hoffen dat hat qualies packen kann an eng gudd Platz am MD kritt fir do eventuell eng oder 2 Ronnen ze packen!

Sou elo awer mol eng gudd Nouvelle!Den moien huet Sportredaktioun vum Letzebuerger Wort mer ugeruff an gefrot op ech keint Berichterstattung vun den qualies man!Natiirlech soot ech jo ;) !An fir den Fall wou hinnen meng Artikelen gefallen soll ech dann dat nämlecht mam Haaptfeld machen wat bedeiten geif dat ech dei ganz Woch freien Entree zu all Single- an doublematch hätt natiirlech sponsored by LW (:lol: ) Dat Bescht dorunner ass dat ech dofir suergen kann dat et emol eng Keier eng uerdentlech Berichterstattung vun Tennis gett an net firun all Artikel dpa oder afp steht!ech hun och alt schon Sachen gelies wei zb Venusschwesteren oder Serena Williams ennert enger Foto vum Venus!dat kennt dobai eraus wann den oninformeierten Redakter vun LW den Artikel schreift!:angel:

OK an aus dem Grond wollt ech froen op dei Lescht vun den Spillerinnen dei qualies bestreiden bdei uewen am thread steht wirklech komplett ass an och esou bleiwt!?!Well ech wollt mech nämlech schon haud genau iwwert all Spillerin informeieren an Informatiounen zur aktueller Saison eraussichen! Vlait kreien ech jo en Interview mam Anne oder mam Claudine ze man!!! wär relax
:kiss:

Allez Bis demnächst!!!(wärd an Zukunft oft hei um net sin)

Drimal
Oct 20th, 2004, 11:52 AM
Moien Peetz, ech freeen mech fir dech. Du hues wierklech Ahnung vum Tennis a wees secherlech uerdentlech Berichter iwwer d'Seat Open maachen. :D Eriwwer sinn dann endlech déi Zäiten, wou een an engem Mini-Artikel, deen een op der drëtter Sportsäit mat enger Lupp misst sichen, liest, datt d'Claudine Schaul 5:7 3:6 géint d'Elena Bovina(17) am zweeten Tour vum Kremlin Cup verluer huet. :eek: :eek:
Wat war dee Bericht een Armut :rolleyes: ;ech hat Geléigenheet en live um Internet op der Moskau-Säit ze verfolgen, an e war vill méi spannend wéi dee plakegen Artikel et ausgedreckt huet. Vun 0:5 gewennt d'Claudine nämlech 5 Spiller hannerteneen an hätt souguer kinnten den Saaz mat bësse Chance gewannen. Am zweete Satz lung hat no engem Break mat 3:2 fir, mee d'Top 20 Spillerin Bovina huet mat Weltklassentennis him keng Chance méi gelooss an sech 6:3 am zweeten duerchgesaat. Dovunner am LW keng Notiz. Dem Claudine säi gudd Spill gouf nët ernimmt.

Ech wollt nach bemierken, datt de Gilles Muller bei mir op 4e am LGE an enger Klass war an d'Mandy Minella ebenfalls am LGE war an no der 4e dem Tennis Virrecht ginn huet. Dovir hunn ech schon speziell Erfahrungen mat hinnen, zumols d'Claudine och just e Joer méi al ass wéi ech (ech sinn den 3.7.1984 gebuer). Duerch d'Anne hunn ech viru gudd 8 Joer Interessen um Tennis entweckelt.

Mee ech wollt der och behelflech sinn, an hunn der hei e puer Linken uginn, déi der weiderhëllefen kënnen:
Hei ass e Link, wou dir d'komplett Saison vun all Spillerin no verfolgen kënnt (mam Bsp vum Anne)[/URL]

Klick op deen Link a roud an géi folgendermoosen vir; du bass op der Säit wou Anne Kremer steet. Klick op head-to-heads an du kenns op eng nei Säit, wou lenks dem Anne Kremer säi Numm steet a riets wäiss ass. Tipp elo de Numm vun der Spillerin an déi eidel Case an, iwwer déis du wells de Resume vun der Saison gewuer ginn, an da kennt ennen hin stoen Anne Kremer vs (déi Spillerin déis du aginn hues).
Dee Numm vun der Spillerin ass a blo gehal an mat engem Klick op deen Numm gesäis du deem seng Saison. Genial oder? :D

Et ass méi einfach wéi et klengt! Ech hunn dat schon dachs esou probéiert
Da wollt ech der nach folgenden Link ginn:

[URL=http://www.wtatour.com/]Link iwwer d'WTA Tour Spillerinnen (http://home17.inet.tele.dk/wta/sp/krem257.htm)
Dee bloe Link helleft der secherlech och weider!

Zum Schluss nach dat heiten:E Link zu menger Photossäit iwwer d'Seat Open stars (http://www.wtaworld.com/showthread.php?t=137518)

:wavey: Bye drimal04! :wavey:

Peetz
Oct 20th, 2004, 02:05 PM

Hey!

sorry mee ech wollt mech awer mol nach firststellen!Ech sin den Charles!Leider hat ech net Eier beim Gilles an der Klass ze sin( war emmer am lgl) mee dofir hun ech eng zeit op der kockel niewend dem Claudine traineiert an ech muss leider soen an wirklechkeet ass hat vill mei deck wei op der tele an op fotoen!!!;)

Drimal
Oct 20th, 2004, 02:49 PM
Hallo Peetz

Ma ech sin de Patrick a kommen vun Bieles.
Niewt de Lëtzebuerger Tennisstaren (Claudine, Anne an Mandy) sinn ech och e riese Fan vun den zwou Topspillerinnen Amelie Mauresmo aus Frankreich an déi Russech Anastasia Myskina. Dat läit dorunn, dat d'Amelie fir mech einfach déi fairste Spillerin ass :D , an d'Anastasia ass ganz aneschter wéi déi meeschte Spillerinnen (vill méi roueg an eng ganz gudd Anticipatioun :D ). Menger Meenung no fannen ech d'Anastasia souguer méi schéin wéi d'Glamour Girl Maria Sharapova :D , mee bon Geschmaach ass esou eng Saach.

Op der ATP Tour ass natiirlech méi Lieblingsspiller den Gilles Muller an och de Marat Safin, deen wirklech e sympateschen Kärel ass. Et ass just schued, dat heen d'lecht Joer lang blesséiert war an dëst d'Joer no der Final vun den Australian Open nët méi seng fréier Performance fënnt. Mee hee kann rem an Top 5 klammen, wat ech iwwregens dem Gilles Muller fir 2006 oder 2007 durchaus zoutrauen. :D

:kiss: Déi schéinste Spillerin op der Tour ass fir mech iwregens d'Daniela Hantouchova an direkt dono kënnt d'Anastasia Myskina. :kiss:
A wéi ass et bei der? Oder ass des Fro etwa ze indiskret? :lol:

Drimal
Oct 23rd, 2004, 02:16 PM
The main draw arrives this saturday!! :bounce:

Here you can see the draws of Luxembourg's two shooting stars Claudine Schaul and Anne Kremer!!!

Paola Suarez ARG (1) v. Bye
Tathiana Garbin ITA v. Anabel Medina Garrigues ESP
Anne Kremer LUX (WC) v. Ana Ivanovic SCG
Qualifier v. Shinobu Asagoe JAP (8)

Eleni Daniilidou GRE (7) v. Jill Craybas USA
Qualifier v. Claudine Schaul LUX
Tina Pisnik SLO v. Virginie Razzano FRA
Stéphanie Foretz FRA v. Silvia Farina Elia ITA (3)

Claudine Schaul has a very good draw; she is going to meet a qualifier in round 1 and then Eleni Daniilidou in round 2. A player she can beat like she can win over Farina Elia. The title is not far away!! :hearts:

:worship: Go Claudine!!! :worship:

This draw is a really present for you and you have now the opportunities to go really far. :D :wavey: :bounce:

Anne Kremer has a very bad draw. :sad: :sad: :sad:
In her neighbourhood there are really good and tough players. First of all Ana Ivanovic, a real coming star. I saw her in Zurich against Williams and she played really really good. That player has the talent to get into the Top 10 in one or two years. :eek: :eek: :eek: :unsure: :unsure:
Unfortunately Anne is meeting that girl in round 1. For me beside Suarez and Molik one of the strongest players in this draw!!! If Anne beats Ivanovic she will meet Shinobu Asagoe who plays tennis really good as well, thus she was in US Open QF this year beating even Suarez. :eek: The last one (Paola Suarez) will surely be the adversary in QF if Anne Kremer is reaching this round!!! Paola Suarez, the semifinalist of Roland Garros and quarterfinalist of US Open, where she beat Anne in the third round!! :rolleyes: :rolleyes:

:worship: Go Anne!!! :worship:

You have really an arduous fate being in such a tough draw!!! :awww: :rolleyes:

But I know that you can beat many strong players. Show the whole Luxembourg the tiger in you!!! :kiss: :devil: :D

:bounce: :bounce: Go Luxembourgish Girls: :bounce: :bounce:

Claudine Schaul (WTA 60) :bounce:
Anne Kremer (WTA 98) :bounce:
Mandy Minella (WTA 354) :hearts:
Martine Poos :wavey:
Lynn Philipp :wavey:

Drimal
Oct 24th, 2004, 11:06 AM
Photos of Anne Kremer:

http://www.infotennis.com/joueuses/images/kremer.jpg
http://www2.raisport.rai.it/news/sport/tennis/200204/09/3cb310e0054e4/AnneKremer2.jpg
http://www.tennis-ontheline.com/pics/04iw/iw04krem1.jpg
http://users.cybercity.dk/~dsl43526/fotohtm/photo/kre257p.jpg

Photos of Claudine Schaul:

http://homepages.internet.lu/claudineschaul/images/photos/gallery15/pic3.jpg

http://homepages.internet.lu/claudineschaul/images/photos/gallery15/pic4.jpg

http://homepages.internet.lu/claudineschaul/images/photos/gallery15/pic5.jpg
http://homepages.internet.lu/claudineschaul/images/photos/gallery15/pic6.jpg
http://homepages.internet.lu/claudineschaul/images/photos/gallery15/pic9.jpg
http://homepages.internet.lu/claudineschaul/images/photos/gallery15/pic1.jpg
http://homepages.internet.lu/claudineschaul/images/photos/gallery15/pic2.jpg

CooCooCachoo
Oct 24th, 2004, 11:45 AM
Doubles:

Ruano Pascual / Suarez (ESP/ARG, 1) v. Kremer / Krajicek (LUX/NED)

Asagoe / Schaul (JAP/LUX, 3) v. Kirilenko / Safina (RUS)

Drimal
Oct 24th, 2004, 03:27 PM
Doubles:

Ruano Pascual / Suarez (ESP/ARG, 1) v. Kremer / Krajicek (LUX/NED)

Asagoe / Schaul (JAP/LUX, 3) v. Kirilenko / Safina (RUS)

Thanks CooCooCachoo!

Bad draw for Kremer/Krajicek! :sad: :sad:

Poor Anne, you have no luck at all at the Seat Open 2004 although you had birthday on 17 October ! :sad: :sad:

Happy birthday Anne! :wavey:

William Hunt
Oct 25th, 2004, 11:30 PM
Anne Kremer was not that nice to her fans today : she simply walked away after she lost, even though lots of fans were waiting for her autograph, she just ignored them.

Claudine Schaul on the other hand took a lot of time for her fans. As it should be, especially in their native Luxemburg !

Drimal
Oct 26th, 2004, 09:17 AM
I have some photos of the Olympic games : :hearts: :hearts:

Double Anne Kremer/Claudine Schaulhttp://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408171756231001.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408171756231000.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408171756071000.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408171755461001.jpg

Olympic Single Claudine Schaul versus Daniela Hantuchova
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408160047251002.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/smallPics/200408160047171000.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408152057211000.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408011357461000.jpg

Olympic Single Anne Kremer versus Maria Vento-Kabchi
http://www.pressphoto.lu/images/smallPics/200408131621391000.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408160046171000.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408160046251000.jpg
http://www.pressphoto.lu/images/mediumpics/200408160046251001.jpg